Ëm Hallefnuecht ginn et beim Diesel a Masutt Haussë vu bis zu iwwer 3 Cent de Liter.

Den Diesel geet en Dënschdeg ëm 3,4 Cent de Liter an d'Luucht a kascht domat 1,648 Euro.

Beim Masutt ginn et och minimal Haussen. Beim 10ppm geet et 3,1 Cent erop op 1,076 Euro a beim 50ppm ass et eng Hausse vun 2,8 Cent op 1,075 Euro.

De 95er an 98er Bensinn bleiwen onverännert bei 1,544 Euro an 1,749 Euro de Liter.

RTL