Den Ausschreiwungsdossier ass finaliséiert an all déi néideg Autorisatioune leie vir.

Dat äntwert de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten François Bausch op eng parlamentaresch Fro vun der DP.

Am Fréijoer elo sinn nach archeologesch Ënnersichungen op der Plaz geplangt. Op Käschte vun der Gemeng ginn am Kader vum Rond-point-Projet och 500 Meter Vëlospist realiséiert. Sou mussen d'Cyclisten hei net méi iwwert d'Nationalstrooss fueren.