Ëm Hallefnuecht gëtt et eng Baisse um Präis vum Diesel. Och de Masutt gëtt méi bëlleg a fält ënnert 1 Euro de Liter.

Fir e Liter Diesel muss ee vun e Samschdeg u just nach 1,566 Euro bezuelen. Dat ass e Minus vu 5,5 Cent.

Och beim Masutt geet d'Tendenz no ënnen. Den 10ppm fält ënnert 1 Euro a kascht vun Hallefnuecht un 0,990 Euro de Liter (-6,3 Cent).

Beim 50ppm ass et eng Baisse vun 6,2 Cent de Liter, op dann 0,976 Euro.

RTL