11 Méint laang war kee motoriséierten Trafic tëscht der Diddenuewener Strooss an dem Rond-Point Gluck zirkuléiert.

Bei de Reamenagementsaarbechten am Beräich Rangwee ass d'Enn a Siicht. An engem décke Mount, méi genee den 12. Mäerz, ginn de Rangwee - deen d'Stad vum Houwald trennt - grad ewéi d'Verbindung tëschent dem neie Boulevard de Kyiv an dem Rond-point Gluck fir den Trafic op. Dat deelt d'Stad Lëtzebuerg mat.

Am Kader vun der Arrivée vum Tram deplacéieren sech d'Reamenagementsaarbechten dann an d'Rue des Scillas op den Houwald.