Ween no drun ass, nach mussen tanken ze goen, sollt dat am beschten nach en Donneschdeg maachen. Virun allem, wann een Diesel fiert.

Vun e Freideg Hallefnuecht u gëtt et nees op alle Spritzorten eng Hausse, deels méi kleng, deels méi grouss.

Beim Bensinn klëmmt de 95er vun 1,547 op 1,569 €/Liter (+2,2 Cent). Beim 98er ass et eng Hausse vun 3,7 Cent (1,754 op 1,791 €/Liter).

Beim Diesel ass den Ënnerscheed am gréissten. Hei muss ee ganzer 5,3 Cent pro Liter méi berappen, wann een eréischt e Freideg tanke geet. De Liter kascht dann amplaz 1,528 Euro nämlech 1,581 Euro (+5,3 Cent).

Och beim Masutt kritt een et am Portmonni ze spieren. De 50ppm klëmmt vun 0,934 op 0,999 €/Liter (+6,5 Cent) an den 10ppm klëmmt vun 0,945 op 0,996 €/Liter (+5,1 Cent).

RTL

© RTL-Grafik