
Och am Lëtzebuerger Loftraum ginn et all Joer suspekt Mouvementer oder Tëschefäll, déi net virgesi sinn.
Zejoert war dat dräi Mol de Fall an an alle Fäll haten et Kommunikatiounsproblemer an -Ausfäll tëscht dem Tower um Findel an de respektive Fligere ginn.
Ugangs September war e Fliger, dee vun Jerez a Spuenien op Köln ënnerwee war, souguer vun Kampfjetten interceptéiert an eskortéiert ginn. An den zwee anere Fäll koumen déi belsch Kampf-Fliger net an den Asaz.
Emol hat war och d'Kommunikatioun mat engem däitsche Militärfliger an dem Tower ënnerbrach ginn, dee mat Zaldoten vun Leipzig an de Mali ënnerwee war.
Dëst Joer goufen et nach keng suspekt Tëschefäll am Lëtzebuerger Loftraum - dës Prezisiounen liwwert de gréngen Defenseminister Bausch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierten Di Bartolomeo, dee sech d'Froen no de suspekte Ballon-Flich iwwer den USA gestallt hat.