
© Ponts et chaussées (Archiv)
Bis Mëtt Juni ginn an den Tunnellen op den Autobunnen uechtert d'Land Maintenance- a Botzaarbechten duerchgefouert.
Vun nächster Woch u ginn erëm d'Tunnellen op den Autobunnen uechter d'Land gebotzt an d'Installatioune ginn nogekuckt. D'Aarbechte lafen iwwert déi nächst 3 Méint, an der Haaptsaach nuets. Wéini genau an den eenzelen Tunnelle geschafft gëtt, kënnt Dir hei noliesen.
D'Tunnelle Grouft, Rëngelbour, Stafelter, Gousselerbierg, Miersch, Rouscht, Colmer-Bierg, Schieren, Houwald, Cents, Richard Serra, Kierchbierg, Helleggeescht Tunnel, Pénétrante Sud, Merl, Péiteng-Kierch, Biff, Accès Secondaire, Micheville, Aessen, Éilereng, Féiz, Fréiseng, Munneref a Markusbierg si vun de Aarbechte betraff.
Wat gëtt kontrolléiert?
Ënnert anerem gi Maintenanceaarbechten un der Ventilatioun, de Luuchten, de Videokameraen, de Feiermelder, den SOS-Nischen, der Sonorisatioun oder den Noutruff-Telefone gemaach.
Méi Detailer kënnt Dir am Communiqué vu Ponts et chaussées noliesen.