
© AFP/JENS SCHLUETER
VW wëll an den nächste Jore ronn zwee Drëttel vu sengen Investitiounen an dës béid Beräicher stiechen.
Wéi de Konzern am Kader vun der Presentatioun vu sengem Joresbilan en Dënschdeg matgedeelt huet, wéilt ee bis 2027 insgesamt 180 Milliarden € investéieren. Dovunner gutt 122 Milliarden an d'E-Mobilitéit an d'Digitaliséierung. An der leschter Investitiounsperiod hat de Konzern 56 Prozent vu sengen Investissementer an dëse Beräicher gemaach.
7 Prozent vun de Gefierer, déi zejoert vu VW ausgeliwwert goufen, ware reng elektresch. Dat waren der 26 Prozent méi ewéi d'Joer virdrun an esou vill ewéi soss nach ni. Bis 2025 sollen 20 Prozent vun de verkaafte Gefierer mat Elektresch fueren.