Vun e Mëttwoch un ass op der A7 d'Testphas eriwwer, ma och heivir an der Belsch ginn et nei Radaren.

Gutt oppassen, muss een an der Wallonie bei eise belschen Noperen. Do blëtze vun e Mëttwoch un 12 nei Radaren, ouni datt et eng gewëssen Toleranzgrenz gëtt.
Et ginn zwee där Radare pro Provënz, plus zwee Stéck am Arrondissement Eupen.