Vun dësem Weekend un ass den Tunnel Micheville um Belval fir den Trafic zou an dat fir gutt zwee Méint.

Ronderëm dësen Tunnel lafen déi lescht Aarbechten, ier d'Liaison Micheville opgeet. Ënnert anerem fält de provisoresche Rond-point an der Entrée vum Belval ewech. Amplaz entsteet en direkte Raccordement aus dem Tunnel un déi nei Streck.

Um Päischtméindeg, den 29. Mee 2023, soll déi nei Streck da fir d'Autosfuerer opgoen. Ugangs nëmmen eng Spuer, virum Congé collectif am Bausecteur Enn Juli geet de Contournement tëscht Frankräich a Lëtzebuerg komplett op. Duerno ginn nach d'Signalisatiounen an d'Informatik getest.

D'Liaison Micheville ass am Ganzen 2,5 Kilometer laang. D'Vitesslimitatioun op dëser Streck ass op 90 Kilometer an der Stonn festgeluecht.

Zanter dem Joer 2006 gëtt un dëser Liaisoun tëscht Frankräich a Lëtzebuerg geschafft. Viru 4 Joer sollt de Contournement fäerdeg gebaut sinn. Den 29. Mee dëst Joer ass et elo souwäit.