
© AFP
D'DB wier der däitscher Cour des comptes no an enger "chronescher Kris".
Déi däitsch Eisebunn wier an enger chronescher Kris a géif sech ëmmer méi zu engem Sanéierungsfall entwéckelen, esou den dramatesche Constat vun der däitscher Cour des comptes. De Staat, deen zu 100 Prozent Proprietär vun der däitscher Bunn ass, misst dës esou séier wéi méiglech komplett ëmstrukturéieren.
D'Gestioun vum Schinnereseau misst iwwerdeems vum Betrib vun den Zich getrennt ginn. Suerge mécht den Auditeuren, dass d'Scholde vum Konzern ëmmer méi grouss ginn, obschonn och déi finanziell Ënnerstëtzung vum Staat all Joer an d'Luucht geet. An déi Ënnerstëtzung ass an Tëscht och méi grouss, wéi dat, wat de Betrib u Recetten duerch den Transport vu Passagéier a Wueren era kritt.