Nodeem en Dënschdeg den 98er erofgaangen ass, fale vun den Donneschdeg un och all déi aner Präisser.

Dobäi fält de 95er Bensinn ëm 4,6 Cent de Liter erof op 1,526 Euro pro Liter. Beim Diesel ass et eng Baisse vun 2,4 Cent op 1,532 Euro de Liter.

De schwiefelaarme Masutt (50 ppm) geet ëm 1,6 Cent erof op elo 0,971 Euro de Liter. De schwiefelfräie Masutt (10 ppm) geet op 0,979 Euro de Liter erof. Dat ass eng Baisse vun 1,3 Cent.

RTL