Nodeems de Premier Xavier Bettel erkläert huet, datt de Projet zu Biissen keng Prioritéit fir Google hätt, kéint lo Beweegung an een aneren Dossier kommen.

Um Rouscht soll d'N7 op enger Längt vun 2 Kilometer reamenagéiert ginn, ënnert anerem sollen dräi Rond-pointn fir méi Sécherheet suergen. Virun allem d'Kräizung tëscht der N7 an dem CR115 gëllt als Geforepunkt. Den 22. November 2019 gouf den Avant-projet détaillé vum Mobilitéitsminister François Bausch geneemegt. Ma an de leschte Joren hat de Projet vun engem Google-Datenzenter d'Aarbechten ausgebremst. Rezent war et awer d'Nouvelle, datt de Projet keng Prioritéit fir Google huet, de Wee fir eng nei Strooss schéngt deemno fräi, oder?

Google bei Datenzenter op der Brems, geet de Staat bei der N7 lo op de Gas?

Op den éischte Bléck schéngt et effektiv esou. Am November d'lescht Joer hat den Transportminister François Bausch nämlech nach an der Äntwert op eng Question parlamentaire erkläert, datt de Rond-Point op der Kräizung vun der N7 an dem CR115 net gebaut kéint ginn, well net gewosst wier, wéi d'Versuergungsleitunge vum Datenzenter lafen. Well dee wuel awer ni realiséiert wäert ginn, hunn déi Gemengeresponsabel eng Entrevue mam François Bausch ugefrot. Déi ass den 30. Mäerz an d'Erwaardung vum Buergermeeschter David Viaggi vun der Biergerlëscht "Är Leit" ass kloer. "Ech erwaarde mer, datt mer elo konstruktiv kucken, wéi mer deene Leit, déi um Rouscht schaffen an awer och deene Leit, déi zu Biissen wunnen, elo eng Perspektiv kënne ginn, wat an deenen nächste Wochen a Méint no vir gedriwwe gëtt, fir déi Situatioun ze léisen, fir dee Projet unzekéieren. Mir hunn de Projet ausgeschafft hei op der Gemeng leien, mir hunn en ënnerschriwwen, et feelt elo just nach un der Soumissioun."

Am November hat d'CSV, déi am Biisser Gemengerot an der Oppositioun ass, sech fir eng provisoresch Tëscheléisung ausgeschwat, de François Bausch hat doropshin annoncéiert, datt seng Servicer dat iwwerpréiwe géingen. Op Nofro hin heescht et vun de Ponts et Chaussées, datt eng provisoresch Léisung aktuell vun engem Bureau d'études ausgewäert gëtt. Dem David Viaggi no wier et awer net méi un der Zäit fir vun engem Provisorium ze schwätzen, mee de Projet endlech unzegoen. Ma de Christian Hoscheid vun der CSV-Biissen hält ee séiere Start vun den Aarbechte fir illusoresch.

"Sou wéi mir lo mol aus gutt informéierter Quell matkritt hunn, sinn d'Ausschreiwungen haut nach net gemaach. Op där anerer Säit si mer och net sécher, ob déi Emprisen, déi net a Gemengen- oder a Staatshand sinn, ob déi Acquisitioune scho gemaach gi sinn. Sou wéi mir informéiert sinn, ass dat nach net de Fall, mee d'Ponts et Chaussées hunn dat lo réischt an Optrag ginn."

Dowéinst géing wuel leider kee Wee laanscht ee Provisorium, am beschten ee Rond-point, féieren. Dee misst sou séier wéi méiglech kommen. Dat och well an e puer Wochen ee Chantier, duerch deen eng fir den Duerchgangstrafic wichteg Achs gespaart wäert ginn, op Héicht vum Creossite ufänke wäert. Bleift also ofzewaarden, wéi eng Nouvellen de Minister en Donneschdeg matdeele wäert.