D'Luxair huet Problemer mam informatesche Reseau an dat huet Repercussiounen op d'Volle vun der Lëtzebuerger Fluchgesellschaft.

D'technesch Ekippe vun der Luxair wieren am Gaang um Problem ze schaffen, mä wéini dee behuewe wär, kann d'Luxair net soen. Et si Retarde méiglech vun enger bis 3 Stonnen, wéi et an enger Matdeelung heescht.