Dës Zesummenaarbecht wier am Interessi vun alle Leit, déi am Transportsecteur schaffen.

D'Kooperatioun ëmfaasst d'Aarbecht op nationalem an europäeschem Plang. Virop de Respekt vu Kollektivverträg, d'Sécherheet oder och d'Aarbechtskonditiounen. An engem Communiqué gëtt awer och ënnerstrach, datt béid Gewerkschaften hir Onofhängegkeet an de jeeweilege Statut vun hire Membere bäihalen.