Et ass dat historesch deierste Gesetz dat d'Chamber jee gestëmmt huet – mee och eent vun de wichtegsten, esou den Transportminister François Bausch.

D'Regierung setzt massiv op de Schinnen-Ausbau: fir dat méiglech ze maachen, gëtt de Budget bis 2039 fir d'CFL op 7,1 Milliarden Euro verduebelt. Den neie Kontrakt leeft vun 2025 bis 2039. Dat gouf e Freideg de Moien op enger Pressekonferenz vum Transportminister François Bausch an dem Generaldirekter vun den CFL Marc Wengler erkläert.

Hei sollen d'Infrastrukture bis 2035 däitlech ausgebaut ginn. Dorënner och d'Connectioun mat der Groussregioun. "De Reseau ass aktuell staark saturéiert", esou den Transportminister, dat obwuel Lëtzebuerg aktuell Leader am europawäite Verglach an der Pro-Kapp-Investitioun an d'Schinnen ass. D'Chamber hat schonn d'lescht Woch hiren "OK" fir de geplangte Projet de loi ginn.

Fir d'Joer 2025 wier dat eng Investitioun vu ronn 380 Milliounen Euro an d'Bunn. 2037 souguer knapp 550 Milliounen, 2022 waren et 280 Milliounen.

Tëscht 2005 bis 2019 war et e Plus vu 85 Prozent u Clienten. Deemools gouf just d'Péitenger Streck vergréissert. Déi 85 Prozent un neie Clientë sinn iwwer 14 Joer just mat neien, méi groussen Zich kompenséiert ginn, bedauert een am Transportministère.

Den neie Budget soll de Bedreif vum Schinne-Reseau, d'Ënnerhale vun den Zich an de Service um Client verbesseren. Bis 2025 solle 46 Prozent méi Sëtzplazen entstoen. Op de Quaie soll an Zukunft och annoncéiert ginn a wéi enge Waggone vill bis guer keng Plaz méi ass, esou, datt de Client sech um Quai scho ka richteg placéieren. Duerch déi nei Investitioune sollen 2025 996 Zich an der Woch fueren, bis 2028 iwwer 1.050.

De Kontrakt mam Staat erméiglecht et den CFL och den Trajet vum Client qualitativ ze verbesseren. Sief dat a punkto Sécherheet, Pénktlechkeet, Informatioun oder Service. De perséinleche Kontakt mam Client soll bei den CFL bäibehale ginn.

Dëse Kontrakt mam Staat concernéiert deemno d‘Exploitatioun vum Zuchreseau. D‘Infrastruktur gëtt à part vum Staat ausgebaut.

Besonnesch d'Streck tëscht Beetebuerg a Lëtzebuerg an déi domat verbonnen Erweiderunge vun de Gleiser kascht. Ma och d'Zuchstrecken am Westen an am Norde solle méi breet opgestallt ginn, dorënner de Wee op Dikrech.

Ganz genee Datume gëtt et nach net: ma an e puer Joer solle vun Diddeleng aus zwee Direktzich pro Stonn an d‘Stad fueren. Haut sinn et der zwee pro Dag. Tëscht der Stad an Diddenuewen sinn nieft dem TGV aacht Zich pro Stonn geplangt. A Richtung Tréier véier Zich d‘Stonn amplaz zwee. Eng Verdueblung vun zwee op véier Zich d‘Stonn och fir op Dikrech. An op der Rodanger Streck sollen an Zukunft och sechs Zich pro Stonn fueren.

D'CFL hunn dofir 2018 schonn eng grouss Commande un neien Zich gemaach. Fir 370 Milliounen Euro ginn der 34 geliwwert. Dat vun 2024 un.

Fir eng verbessert Exploitatioun méiglech ze maachen, sollen ënnert anerem nei Gare gebaut a ginn dat ënnert anerem zu Hollerech, Ettelbréck a Miersch.

Den Accent läit elo op der Vergréisserung vun der Beetebuerger Streck déi 2026 fäerdeg soll ginn an dann an eng Testphase geet. Vun 2028 un soll dann all 7 Minutten en Zuch vun Diddenuewen aus an d‘Stad kënne fueren.