Dës Lok war bis de Mee 1964 um Lëtzebuerger Eisebunnsreseau aktiv.

Si huet d'Schmelze mat Kox, Äerz a Stolproduite beliwwert.  An den 80er Jore gouf si vu Grond op renovéiert. 150 Tonne schwéier ass d'Maschinn. Si huet iwwer laang Jore gutt a vill Aarbecht geleescht. D'Lokomotiv 5519 huet och zum Schluss Passagéier transportéiert.

Interview mam Raphaël Harf
Leschte Sonndeg konnt ee sech op der Stater Gare d'Damplokomotiv 5519 ukucken