Déi iresch Airline Ryanair huet bei Boeing 300 Fligere vum Typ 737 Max bestallt.

Dat fir méi wéi 40 Milliarden Dollar. Geliwwert sollen d'Fligeren tëscht 2027 an 2033 ginn. Den Deal muss allerdéngs nach vun den Aktionäre vu Ryanair ofgeseent ginn.

Fir den US-Fligerbauer ass dëst eng wichteg Annonce, nodeems et gréisser Abousse gouf wéinst der Corona-Pandemie an nodeems zwee Fligere vun deem Typ erofgefall waren.

Déi nei Generatioun vun deem Typ huet 20 Prozent méi Sëtzer a soll manner Sprit verbrauchen.

Mat den neie Fligere soll d'Zuel u Passagéier massiv eropgeschrauft kënne ginn, esou déi Responsabel vu Ryanair. Dowéinst sollen dann elo och méi wéi 10.000 nei Mataarbechter rekrutéiert ginn.