D'CFL deele mat, datt déi séier Regionalzich RE tëscht der Stad a Rodange de ganzen Dag wéinst engem technesche Problem bei Bieles-Zolwer net fueren.

D'RB-Zich, déi méi dacks stoe bleiwen, fueren awer weider um Gleis, dat net concernéiert ass.

E Mëttwoch de Moien haten d'CFL gemellt, datt wéinst engem technesche Problem um Gleis op der Héicht Bieles-Zolwer d'Zich just iwwert ee Gleis fuere kënnen. Nodeems eigentlech um 12 Auer den Zuchtrafic op där Streck erëm opgeholl sollt ginn, mellen d'CFL géint e Mëttwoch de Mëtteg, datt d'RE-Zich fir de ganzen Dag annuléiert goufen.

D'Passagéier sinn opgeruff, sech um Internetsite vun den CFL, grad ewéi iwwert d'App CFL mobile z'informéieren, wéini nees en Zuch fiert, respektiv wéi eng Alternativen et ginn.