Déi 11. Editioun vum Autosfestival fir Occasiounen dauert vun e Mëttwoch bis e Sonndeg, de 14. Mee.

Mëttlerweil fënnt een op dësem Festival ëmmer méi elektresch ugedriwwen Autoe respektiv Plug-In-Hybriden. Nodeems d'Verkafszuele vun Occasiounsautoe vun 2020 op 2021 geklomme sinn, sinn se allerdéngs vun 2021 op d'lescht Joer réckleefeg. Zu Ettelbréck an den Däichwisen stellen de Weekend iwwerdeems eng 17 Concessionnairen hir Ween aus.