En Donneschdeg ginn d'Präisser vum Diesel a vum Masutt ëm 1,4 an 1,5 Cent erop.

De Präis vum Diesel geet um Mëtternuecht ëm 1,4 Cent de Liter erop a läit da bei 1,390 Euro de Liter.

Beim 10ppm Masutt ass et eng Hausse vun 1,4 Cent de Liter op insgesamt 0,845 Euro de Liter. De 50ppm Masutt gëtt ëm 1,5 Cent méi deier a steet vun en Donneschdeg u bei 0,848 Euro de Liter.