De Leit weisen, datt 1,5 Meter Ofstand beim Iwwerhuele wichteg ass

Mat der Campagne wëll de Ministère d'Leit sensibiliséieren, datt d'Distanz vun 1,5 Meter beim Iwwerhuele vun engem Vëlosfuerer wichteg ass.
D'Vëlofueren ass an de leschte Joren ëmmer méi beléift ginn, sief et an der Fräizäit oder och als Verkéiersmëttel. Mä d'Zuel vun den Accidenter an déi Cycliste verwéckelt sinn, klëmmt och, zejoert goufen et 27 Schwéierverletzter an een Doudegen. Fir den Cyclisten eng awer eng gewësse Sécherheet kënnen ze garantéieren, huet den Transportministere zesumme mat der Sécurité routière an der Police elo eng nei Sensibiliséierungscampagne lancéiert. Dës dréit de Numm "Gesäis de mech? Beim Iwwerhuelen 1,5m Ofstand." Se soll drun erënneren, datt Autoe beim Iwwerhuelen op d'mannst annerhallwe Meter Distanz zum Vëlo hale sollen.
Datt Autoen zu Lëtzebuerg 1,5 Meter säitlechen Ofstand hale mussen, soubal se e Vëlo iwwerhuelen, steet schonn zënter 2018 am Code de la Route. Am Fall vun engem Net-Respekt gëtt et e Protokoll vu 74 Euro. An awer wier et wichteg, d'Leit ëmmer rëm drun z'erënneren, seet den Transportminister François Bausch.
"Et ass eng emotional Campagne, déi drop aus ass, fir d’Leit ze sensibiliséieren, fir dass se sech deem bewosst sinn, dass et net einfach een Iwwerhuelmanöver ass, mä dass dat fir deen, deen ech iwwerhuelen, ka schlecht ausgoen. An der Reegel verléiere mer och net vill Zäit. De Vëlo fiert vill an urbane Gebidder, wou souwisou 30 oder 50 d’Vitess ass. Do dierft et kee Problem sinn an op Landstroossen, ech mengen do gëtt et Iwwerhuelméiglechkeeten, mee do kënnt et awer drop un, well do méi héich Vitesse gefuer ginn, dass ech do ëmsou méi op deen Ofstand oppassen."
D’Campagne soll vu Mëtt Mee bis Enn Juli lafen. De Message soll esou wuel an de Medien ewéi och op Busser oder op Schëlder laanscht d’Stroosse verbreet ginn. Donieft sollen och geziilt Leit ugeschwat ginn:
"An ech mengen och, dass wärend där Zäit d’Police e bëssen hëlleft, fir ze sensibiliséieren. Net onbedéngt, dass se direkt Protokoller ginn, mä éischter, fir Uweisungen ze ginn an ze soen, 'Hei passt op, wann der iwwerhuelt'. An da geet et och drëms, de Vëlosfuerer selwer ze sensibiliséieren an ech mengen, de Vëlosfuerer muss sech och bewosst sinn, wann hien op der Strooss fiert, da muss hien och dem Autosfuerer eng Chance ginn, dass dee seng 1,5 Meter kann anhalen, also dass hien och richteg op senger rietser Säit fiert."
Allgemeng misst een an awer och kucken, fir d’Vëlosfuere méi sécher am Land ze maachen. Hei wéilt een och weiderhin op den Ausbau vun de Vëlosweeër uechter d’Land setzen.