Dat gëllt vum 1. Juni un. D'Accorde mat den zwee entspriechende Büroe goufe gekënnegt.

Russland a Belarus gehéieren net méi zum sougenannte «Green Card System».

Wien awer an dës Länner wëll fueren, muss op der Grenz eng aner Assurance maachen.

Ëmgedréit hu Gefierer, déi a Russland oder Belarus verséchert sinn, hei am Land dann och keng valabel Versécherung méi.