Op der Pompel
Diesel gëtt méi deier, Bensinn méi bëlleg

© AFP Archiv
Vun en Donneschdeg u muss ee fir de Liter 95er 1,4 Cent manner bezuelen. Beim 98er ass et eng Baisse vun 1,2 Cent um Liter.
Vun Hallefnuecht u kascht de 95er Bensinn deemno dann 1,535 Euro/Liter, den 98er geet erof op 1,762 Cent de Liter.
De Präis vum Diesel klëmmt dogéint ëm 1,2 Cent vun 1,39 Euro de Liter op dann 1,402 Euro. Och beim Masutt (10ppm) gëtt et eng Hausse. Hei klëmmt de Präis ëm 1,4 Cent op 0,859 Euro de Liter.
Am meeschte gelies