En Donneschdeg de Moien haten d'CFL gemellt, datt den Zuchtrafic op der Linn 70 wéinst engem technesche Problem a béid Richtungen ënnerbrach war.

Géint 13 Auer en Donneschdeg de Mëtteg war um Site vun den CFL keng Perturbatioun op där Streck méi gemellt an d'Zich fueren nees wéi gewinnt.

Fir Informatiounen iwwer Alternativen oder d'Horairë sinn d'Passagéier opgeruff, sech um Internetsite vun den CFL, grad ewéi iwwert d'App CFL mobile z'informéieren.