Wann een den Ament Richtung Rond-point Raemerich ënnerwee ass, gesäit ee Liicht um Enn vum Tunnel. Rieds geet vum Contournement vun der Liaison Micheville.

Déi lescht Leitplanke gi gesat, d'Aarbechter vu "Ponts & Chaussées" sinn am gaange Strécher op d'Strooss ze molen a schwéier Placke géint de Kaméidi ginn op der Héicht vum Tunnel un de Mauere fixéiert. Et geet also an déi leschte Ligne droite. Zanter dem 18. Mäerz lafen hei déi leschten Aarbechten. Um Päischtméindeg, den 29. Mee, geet am Laf vum Dag de Contournement vun der "Liaison Micheville" op. 2,5 Kilometer laang ass des Ëmgeeungsstrooss. Op dëser Streck ginn et zwou Brécken an en 1,3 Kilometer laangen Tunnel.

Vun den am ganze véier Spuere ginn der um Päischtméindeg zwou op. Eng a Richtung Frankräich an déi zweet Direktioun Lëtzebuerg. Enn Juli, fir den Optakt vum Kollektivcongé, kann een dann iwwer déi véier Spuere fueren.

Enn 2017 gouf mam Bau vum Contournement ugefaangen. Den éischten Deel vun der "Liaison Micheville" goung de 16. Dezember 2016 fir den Trafic op. Zil vun dëser Strooss ass et, Esch Uelzecht mat de franséischen Uertschafte Villerupt an Däitsch-Oth (Audin-le-Tiche) um direkte Wee mateneen ze verbannen.

Duerch de Contournement vun der "Liaison Micheville" erhofft ee sech eng Entlaaschtung vum Trafic fir d’Uertschaften Esch a Bieles. Och de Rond-point Raemerich soll esou manner saturéiert sinn. D’Leit, déi mam Auto op Lëtzebuerg schaffe kommen, sollen nämlech iwwer de Contournement vun der "Liaison Micheville" an d’Land erakommen.

Um Contournement vun der "Liaison Micheville" kann een nom Enn vum Chantier mat 90 Kilometer an der Stonn fueren.