CGDIS huet den Eeschtfall am Tunnel Grouft geprouft
En Exercice, bei deem d'Rettungsekippen nawell gefuerdert goufen.
All Dag fueren eng 35.000 Gefierer duerch d'Tunnelle vun der Nordstrooss. Zanter dem 15. Mäerz sinn do déi dräi Streckeradaren aktiv. En éischte Bilan vun der Verkéierspolice ass kloer. Schwéier Accidenter gouf et zanterhier net méi. Fir d'Rettungsdéngschter heescht et awer weider, fir den Noutfall prett ze sinn.
Eng 90 Fraen a Männer vum CGDIS hunn am Tunnel Grouft den Eeschtfall geprouft. En aussergewéinlechen Exercice duerch déi héich Zuel u Blesséierter. Mat agebonne waren och eng 15 Membere vum medezinesche Personal vum Samu.
Géingt 9 Auer goufen d'Rettungsekippen op en Accident an der Descente vum Tunnel Grouft fir erof op Luerenzweiler geruff. Wat se do wierklech erwaarde géif, goung net kloer aus der éischter Meldung ervir. Riets goung vun engem potenzielle Brand a méi Affer. Déi éischt Rettungsekippen op der Plaz hu séier missen d'Situatioun aschätzen an déi richteg Renforten ufroen.
"Op der Plaz huet sech dunn erausgestallt, datt mer en Accident mat 5 implizéierte Gefierer haten. Do war e Bus derbäi. End-Bilan ass, datt mer 15 Victimmen am Accident haten. Dovun der 3 schwéierblesséiert waren an eben och 3 Stéck ageklemmt waren", sou den Yves Damy, Kommandant vum Rettungsasaz.
An der Opreegung sinn eng Rei Automobilisten net an, respektiv bei hirem Gefier bliwwen an hunn och keng Rettungsgaass forméiert. Doduerch ass op der Onglécksplaz wäertvoll Zäit verluer gaangen. D'Pompjeeën hu vir d'éischt emol missen Autoe réckelen, iert se bei d'Onglécksplaz bäi koumen.
Wéi et richteg maachen? Den Direkter vun der Verkéierspolice, Laurent Lentz, erkläert: "D'4 Winker am beschten direkt umaachen an op d'Rettungsgaass oppassen. Dann natierlech d'Situatioun kucken. Wann ee mierkt, datt et brenzeleg gëtt, soll een den Auto och probéieren auszeschalten. Am Tunnel, fir datt d'Autoen net all de Motor nach lafen hunn. A wann een den Auto muss verloossen, well zum Beispill e Brand am Tunnel ass, da soll ee wa méiglech de Schlëssel stieche loossen, oder leie loossen am Auto, fir datt d'Pompjeeën den Auto kënne wechbeweegen."
Schwéiert Geschier am Asaz
Déi uerg blesséiert Chauffeure goufe mat schwéierem Geschier aus den Autoen erausgeschnidden. Einfach hunn d'Experten, déi den Zenario ausgeschafft hunn, et de Leit vum CGDIS net gemaach.
"Dat hei war och eng Situatioun, mat där een net am Alldag confrontéiert ass. Doduerch datt mer vill Victimmen haten. Bei deene meeschten Accidenter si mer tëscht engem bis maximal 4-5 Blesséierter. Hei hate mer der 15. Wou et da wichteg ass, datt mer d'Prioritéite richteg treffen. Datt d'Organisatioun op der Asazplaz an d'Ofleef am Fong richteg fonctionéieren", sou de Kommandant vum Rettungsasaz.
Bei Accidenter an den Tunnelle Stafelter a Grouft ginn automatesch d'Corpse vun der Stad Lëtzebuerg, Nidderaanwen, Luerenzweiler a Lëntgen geruff. An dësem Fall goufen och 15 Membere vum medezinesche Personal vum Samu mat an den Exercice agebonnen.