Op der Pompel
Souwuel Bensinn wéi och Diesel a Masutt gi méi bëlleg

© AFP
Vun e Freideg u muss ee fir déi divers Sprit- a Masuttzorten tëscht 1,7 a 4,3 Cent manner bezuelen.
Vun Hallefnuecht u kascht den 98er Bensinn 4,3 Cent manner, deemno dann 1,779 Euro/Liter.
Den 95er bleift onverännert bei 1,584 Euro de Liter.
Den Diesel gëtt 1,8 Cent de Liter méi bëlleg a kënnt dann op 1,396 Euro.
Beim Masutt ass et eng Baisse vun 1,6 Cent um 10ppm op dann 0,854 Euro de Liter, a beim 50ppm ass et eng Baisse vun 2,1 Cent op dann 0,855 Euro.

Am meeschte gelies