Nodeems e Freideg 98er Bensinn, Diesel a Masutt méi bëlleg goufen, gëtt et vun e Samschdeg un eng Baisse am Präis vum 95er Bensinn.

Vun Hallefnuecht u kascht den 95er Bensinn 3,1 Cent manner, deemno dann 1,553 Euro/Liter.

Den 98er bleift onverännert bei 1,779 Euro de Liter, wärend den Diesel bei 1,396 Euro de Liter bleift.