Virop geet et bei sou enger Kontroll ëm d'Sécherheet op den europäesche Stroossen. Nach ëmmer sinn ze vill Camionen net an der Rei.

Am Kader vun dëser Kontroll, pickt d'Douane eenzel Camionen eraus, déi da vun de Motarden vun der Douane bis bei de Centre Douanier eskortéiert ginn. Do iwwerhuelen d'Kolleegen, déi d'Gefierer an d'Pabeieren op de Leescht huelen.

''Dat geet vun de Bord-Dokumenter, Arrimage, Tachograph, Eurovignette, an de Scanner. Dat ka bis zu gutt enger hallwer Stonn - 45 Minutten daueren. Deemno wat een natierlech och fënnt.'' sou d'Stefania Bussotto, Inspectrice Générale vun der Douane.

Google-Translate fir sech ze verstännegen

D'Beamte vun der Douane an d'Mataarbechter vun der technescher Kontroll huelen sech Zäit, fir ee Volet nom aneren opzeschaffen. Virop fält op, datt et net einfach ass, sech ze verstännegen. Google-Translate ass op deem Ament dem Douanier säi beschte Frënd.
D'Douane an d'Mataarbechter vun der SNCT schaffen Hand an Hand. Mam Asaz vun enger mobiller Kontrollstatioun ass et méiglech, eng komplett Inspektioun vun Camionen ze maachen. Dem Direkter vun der SNCT Bob Manet no, kënne bei esou enger Kontroll eng Partie Probleemer opgedeckt ginn. ''Haaptsächlech Pneuen, Suspensioun a ganz vill Fuitten. Oder Saache mam Auspuff déi, net an der Rei sinn. ''

D'Finanzministesch war bei der Kontroll op der Plaz

Um Enn vun der Kontroll bleift de mobile Scanner. Do gëtt de ganze Camion duerchliicht. Déi geschoult Ae vun de Beamten hu scho méi wéi eng Iwwerraschung opgedeckt. Besonnesch spektakulär, war eng Saisie am Januar dëst Joer.
''Den Haschisch dee fonnt ginn ass, an engem Camion, dat waren 290 Kilo. Ech kréie gesot, datt dat enger Valeure vun iwwert enger Millioun entsprécht. Dat si also scho ganz substanziell Zommen.'' sou d'Finanzministesch Yuriko Backes, déi sech d'Kontroll op der Plaz ugekuckt huet.
D'Ministesch huet och erkläert, datt eleng am éischten Trimester vum Joer, wéinst Probleemer mat der Euro-Vignettes Avertissements taxés an enger Gesamthéicht vun 300.000 € ausgestallt goufen.

Een Element wat och genee analyséiert gëtt, ass den Tachograph. Vill ze dacks sinn nach Camionschaufferen op onse Stroossen ënnerwee, déi d'Rouzäiten net agehae hunn. ''Schikanéiert gëtt keen '', sou e Beamten. ''Et geet just ëm d'Sécherheet vun ons all.''