Den éischte Spuedestéch gouf gesat, fir de Contournement zu Housen
Zil ass et d'N7, déi duerch d'Uertschaft geet, ze entlaaschten. Bis zu 20.000 Gefierer fueren all Dag duerch Housen.
Zënter 52 Joer läit elo schonn d’Iddi vum Housener Contournement um Dësch, ma eréischt lo, kuerz viru Schluss vun der aktueller Legislaturperiod, konnt de Projet ugefaange ginn. Um Donneschdeg war den éischte Spuedestéch vun der Streck, déi iwwer 4 km laang soll ginn a ganzer 154 Milliounen Euro kaschte wäert. Zil ass et d'N7, déi duerch d'Uertschaft geet, ze entlaaschten. Bis zu 20.000 Gefierer fueren hei nämlech all Dag duerch. An engems sollen d’Bierger erëm méi Liewensqualitéit zréck kréien.

Et kéint bis 2029 dauere bis de Contournement zu Housen fäerdeg ass an de Verkéier deementspriechend ëmgeleet gëtt. Da kéint een och wichteg Aarbechten am Duerfkär selwer ugoen.

De Buergermeeschter vun der Gemeng Parc Housen, Romain Wester: “Wat mir Réckbau nennen, mengt, dass mer emol uerdentlech Trottoiren zu Housen kréien, dass mer Vëlospisten duerch Housen kréien, an dass et och méi gréng erëm gëtt. Et muss een awer och soen, doduerch dass mer vill Infrastrukturen hunn, déi duerch Housen ginn, dass mer déi dringend sanéiere mussen. Dat concernéieren d’Waasser an Ofwaasser.”
D’douce Mobilitéit soll e méi héisch Stellewäert kréien.
Den Transportminister François Bausch: “D’Iddi ass herno dass mer eng Vëlospist hunn, déi u sech de Lokalverkéier ausmécht, dat heescht ënnerhalb vun der Gemeng. An engems soll eng méiglechst riicht Vëlospist vum Norden a Richtung Ettelbréck matgebaut ginn, fir wa méi grouss Strecke musse gefuer ginn. Et soll e komplette Projet sinn: Op der enger Säit den Autosverkéier an de Grëff kréien duerch de Contournement an op der anerer Säit d’Mobilité douce ze promouvéieren.”
Fir de Verkéier aus Housen eraus ze kréie sollen och nach zwee aner Contournementer hëllefen.
De Romain Wester: “Mir schwätze mëttlerweil vun dräi Contournementer, déi mir elo fir Housen kréien. Doranner falen dann och de Contournement a Richtung Eesbech also Richtung Däitschland, dee vu ville Frontaliere wäert benotzt ginn an doduerch wäert Housen och rëm eng Kéier entlaascht ginn an dann deen zweete Contournement a Richtung Wolz a Kiischpelt.”

Eenzeg op der Houschter Déckt géing weiderhin e Verkéiersproblem bestoen, well Gefierer hei nach weiderhin duerchfuere mussen. Hei géing een den Ament nach aktiv mam Ministere zesummen no enger Léisung sichen, heescht et vum Buergermeeschter.
De Contournement vun Housen ass jo Deel vun der Ëmgestaltung vun der N7 tëscht Wäiswampech an dem Fridhaff. Op iwwer 31 Kilometer soll d'Strooss 5,5 Meter méi breetgemaach, eng Leitplank an der Mëtt installéiert an d'Vitess duerchgoend op 90 Kilometer an der Stonn limitéiert ginn.
