Eng definitiv Decisioun fir Contournement Käerjeng gëtt et net, ma de François Bausch gëtt ze verstoen, datt hien net Mordicus um Tunnel festhält.

Am Mäerz hat de Mobilitéits- a Bauteminister iwwerraschend eng Tunnel-Variant op den Dësch geluecht, wat virun allem an der Käerjenger Märei nawell fir Opreegung gesuergt hätt. Hie wéilt dee Contournement op alle Fall bauen an zwar séier, seet de François Bausch a versprécht eng Decisioun nach virum Summer.
Um Donneschdeg stoung de Minister Ried an Äntwert an der parlamentarescher Finanz- a Budgetskommisioun a seng Aussoe hannerloosse bei deem engen oder anere Kommissiounsmember e gewësse Spillraum fir Interpretatioun.
Déi grouss Fro ass déi: Ass den Tunnel gestuerwen oder net?

D'Äntwert vum François Bausch:

Et kann näischt dout sinn, wat nach ni richteg bestanen huet. Dat war eng Propos an eng Iddi, déi sommairement gekuckt gouf.

Op alle Fall géing een den Ament op enger Pist schaffen, déi villverspriechend wier, méi wollt de Minister net verroden. Datt den Tunnel sécher an definitiv vum Dësch ass, wollt de Minister dann och net confirméieren.

Mir kucken nach no den Tunnellen, mä et ass awer och grad esou gutt méiglech, datt et eppes gëtt ouni Tunnellen.

Et hätt ee wëllen transparent sinn an dofir hätt een de Gemengen och d'Tunnelvariant - déi ënnert dem Bobësch erduerch géing - presentéiert.

Zënter 2016 hätten och eng Rei Donnéeë geännert, sou de François Bausch.

Op alle Fall géing ee weider op Basis vun deem Tracé schaffen, deen am Gesetz virgesinn ass, ma dee soll optiméiert ginn, fir datt déi Strooss och juristesch d'Strooss hält.

Ënnert anerem wéinst der Natura2000-Zon wier et nämlech komplex

Mir mussen dat esou motivéieren, datt dat, wat mer maachen net a Fro ze stellen ass par Rapport zum Agrëff.

Och soss wier den Dossier ee vun der ganz schwiereger Zort gewiescht

Et ass net, datt ech dee Contournement net wollt bauen, mä hei war dee schwieregsten, deen ech a mengen 10 Joer hat. Eppes wat och näischt dozou bäigedroen huet, datt d'Saache besser goufen: Zwou Gemengen, déi am Klinsch matenee louchen. Dat muss een awer och emol eng Kéier soen.

Virun der Summerpaus wäert de Contournement am Regierungsrot sinn an da wäert eng Decisioun geholl ginn, versprécht de Minister Bausch.

Zejoert haten Aktiviste sech dogéint gewiert, datt de Bobësch bei Käerjeng fir dëse Contournement soll geaffert ginn.