Fir de Vëlo am Alldag brauch et eng gutt Infrastruktur
Just 73 vun de geplangte 430 Kilometer Vëlospiste konnten an dëser Legislaturperiod uechtert d'Land bis ewell gebaut ginn.
Dem Mobilitéitsministere no kéime bis d'Walen am Oktober och keng weider Kilometer bäi. Fir Leit, déi tëscht den Uertschafte fueren, fir an d'Schoul oder op d'Aarbecht ze kommen, kann eng Vëlospist den Trajet net just däitlech méi komfortabel, mee virun allem och méi sécher maachen.
De Raoul Petit an de Bob Reuter fueren all Dag mam Vëlo op d'Aarbecht, egal wéi d'Wieder ass. Déi zwee Männer fuere vun Diddeleng op Beetebuerg, respektiv op de Belval.
Mir maachen den Test vun Diddeleng-Biereng op Beetebuerg. A mierken direkt bei der Bierenger Gare, dass et bei Chantieren op der Strooss séier mol enk ka ginn. Vëlospisten, déi de Vëlo vum Auto trennen, sinn do en däitleche Virdeel. Bei den "Iwwergäng" tëscht enger Vëlospiste an der Nächster hapert et awer. Op enger Plaz musse mir iwwer d'Zebrasträifen eriwwer, ma op der anerer Säit ass den Trottoir ze enk fir e Cargo-Bike ze drécken. Ze Fouss iwwer d'Strooss an dann op de Vëlo klammen fir weiderzefueren wier op där Strooss, wou nawell vill Autoe Richtung Autobunnsopfaart fueren, zimmlech geféierlech.
D'Vëlospist tëscht Diddeleng-Biereng a Beetebuerg gouf virun zwee Joer ageweit. Trotz klengen "Ënnerbriechungen" ass de Wee gutt ausgeluecht. Och am Hierscht a Wanter wier d'Vëlospiste ëmmer gutt geraumt.
Eng gutt Infrastruktur ass den A an O
Eng gutt Infrastruktur géing motivéieren, de Vëlo am Alldag ze huelen, déi Erfarung huet de President vu Vëlo Diddeleng och selwer gemaach. De Raoul Petit kennt den Trajet wéi et d'Vëlospiste nach net gouf a seet, dass hien net en Auto géint e Cargo-Vëlo agetosch hätt, wann et déi Infrastruktur net géing ginn.
Vëlo Diddeleng wëll weider op d'Mängel op de Vëlosweeër opmierksam maachen, esou de Sekretär Bob Reuter. Besonnesch wichteg wier et, dass bei grousse Projeten de Vëlo direkt mat beduecht gëtt. Eng Ënnerféierung oder eng Bréck wieren zum Beispill fir grouss Rond-pointen eng gutt Alternativ. Wann een nodréiglech adaptéiere muss, wier et awer dacks deier an opwänneg.
Allgemeng wënsche sech déi Responsabel vu Vëlo Diddeleng, esou wéi och eng Partie Vëlosfuerer, déi mir an der Stad gefrot hunn, dass et méi Vëlosweeër ginn. Op der Strooss fueren, wier dacks geféierlech a virun allem fir Kanner keng Optioun.
Vun enger nächster Regierung wënscht sech de Bob Reuter, dass eng realistesch Mobilitéitspolitik gemaach gëtt a Projeten ëmgesat ginn, wéi d'Vëlosinfrastruktur, déi scho méi laang um Dësch leien. De Raoul Petit wënscht sech, dass Politiker méi de "Bléck Vëlo" hunn a beschtefalls och selwer fueren fir d'Problemer ze erkennen.
Zu Beetebuerg ukomm klappt och d'Verbindung mam Zuch ganz gutt, op der Gare ginn et genuch Parkplazen. Oder wann ee säi Vëlo mat an den Zuch wëll huelen, ginn et op der Beetebuerger Gare antëscht och Lifter, déi grouss genuch wieren, esou de Bob Reuter. Ma dat wier awer nach laang net iwwerall de Fall. Déi positiv Beispiller weisen, dass de Vëlo mat enger gudder Infrastruktur tatsächlech eng Alternativ fir d'Mobilitéit am Alldag ka sinn.