Vun e Mëttwoch un musse Chauffere vun Diesel-Gefierer méi déif an d'Täsch gräifen.

Den Diesel gëtt nämlech ëm 3,4 Cent méi deier a kascht dann 1,638 Euro de Liter.

Och de Masutt gëtt méi deier. Den 10 ppm klëmmt ëm 3,1 Cent op 1,079 Euro a den 50 ppm klëmmt ëm 2,9 Cent op dann 1,071 Euro de Liter.