Parken an den ëffentlechen Transport fir op d'Schaff huelen. Schéin a gutt, mä ginn d'Kapazitéiten duer?

Jo, seet den zoustännege grénge Minister François Bausch - deemno ginn et aktuell ronn 17.000 Plazen op de Park & Ride-Parkingen.

Mä domat ass et net gedoen. Eeng gutt Dose Projete vu Park & Ride-Sitte sinn an der Prozedur wéi zu Miesenech bei Tréier, zu Ëlwen, Mamer, Ettelbréck a Fréiseng - fir just dës ze nennen.

Wann dës Projete bis realiséiert sinn, verduebelt sech d'Kapazitéit vu Parkingen par rapport zu 2018 op eng 26.000 Plazen*. Iwwert dës Plazen eraus kommen nach weider laangfristeg Park&Ride-Projeten dobäi wéi nieft der Diddelenger Autobunn, um Stater Bouillon an zu Ierpeldeng un der Sauer.

Dës Prezisioune liwwert de Mobilitéitsminister Bausch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierten Marc Goergen.

*An enger éischter Versioun vum Artikel hate mir hei nach vu 35.000 Plaze geschwat. Et wäerten der awer just ronn 26.000 sinn.