Ponts et chaussées deele mat, dass den Tapis am Rond-point Heischent nei gemaach gëtt. Eng gréisser Deviatioun muss dowéinst a Kaf geholl ginn.

Vun e Freideg den Owend géint 19 Auer bis e Samschdeg géint 22 Auer ass de Rond-point op der N15 komplett fir den Trafic gespaart.

Wann ee vum Heischtergronn/Eschduerf Richtung Nidderfeelen wëll fueren, geet d'Deviatioun via Groussbus iwwert d'N12 an d'N21.

Déi selwecht Ëmleedung gëllt, wann een aus der anerer Richtung kënnt.