Frankfurt hat se, elo huet München se - Rieds ass vun der "IAA Mobility"

© Akim Schmit
No 2021 ass et déi zweet Editioun, déi an der bayrescher Landeshaaptstad hir Dieren opmécht.
Ënnert dem Motto „Experience Connected Mobility“ weisen Hiersteller, Zouliwwerer, Héichschoulen a Fuerschungsinstituter wat haut a villäicht och scho muer technesch méiglech wäert sinn, a wéi d’Grenzen tëscht Auto a Computer ëmmer méi verschwammen.
Op Invitatioun vum Grupp Losch, dem Importateur fir Lëtzebuerg vun de Marke aus dem VW Grupp, hu mir um Virowend vum Pressedag vun der IAA am Kader vun der "Volkswagen Group Media Night" an engem éischter intime Kader d’Visioune vu VW fir d’Zukunft kritt. "Success by Design" ass de Motto, dee laut dem Oliver Blume, CEO vum Konzern, d’Weiche fir déi nächst Jore stellt. Esou soll den Design méi charakteristesch Produite schafen an d’Eenzegartegkeet vun all Mark erhéijen. "Unser Ziel ist es, den Volkswagen Konzern zu einem Unternehmen zu machen, das sich durch Design auszeichnet".
A gläich zwee Konzepter stoungen deen Owend am Mëttelpunkt. Den Optakt huet d’Virstellung vum Volkswagen ID. GTI Concept gemaach, deen d’Emotiounen a Valeuren déi ee mam Kierzel „GTI“ verbënnt eriwwer an d’Elektrozäitalter iwwerféiere soll. Mat Detailer huet sech VW bedeckt gehalen, nach ass den ID. GTI e Concept Car. D’Chancen e geschwënn op eise Stroossen ze gesinn, sinn awer grouss, am Raum steet e Lancement bis 2027.

© Akim Schmit
Vu VW eriwwer bei d’Spuenier vu Cupra, déi mam „DarkRebel Concept“ de Bols an d’Luucht dreiwen. No enger virtueller Virschau op de Concept huet Cupra zu München den éischte Showcar virgestallt. Beim Design sinn d’User-Donnéeë aus engem virtuelle Konfigurator ausgewäert ginn a fir de Showcar berécksiichteg ginn. Eraus koum eng Sportsmaschinn déi trotz 4,50 Meter Längt nëmmen 1,30 Meter héich ass. Wéi realistesch d’Ëmsetzung ass, léisst sech net aschätzen. Kloer ass awer dass Cupra mam DarkRebel Emotiounen an d’Welt vun der Elektromobilitéit bréngt.
Nieft de groussen Nouveautéiten, huet d’Media Night och nach emol déi aktuellst Produiten aus dem Grupp an d’Vitrinn geréckelt. Andréck vum VW T7 California Concept, dem Interieur vum Audi Q6 e-tron deen an de Startlächer steet, dem Skoda Concept Vision 7S, dem Cupra Tavascan an dem Porsche 911 S/T fannt dir an eiser Fotosgalerie.
Vill Marken net um Rendez-vous
Vun der Volkswagen Group Media Night eriwwer op d’IAA Mobility. War déi „International Automobil Ausstellung“ Joerzéngtelaang e Spigelbild vun enger ganzer Branche, esou kann een mëttlerweil just nach vun engem Echantillon schwätzen. Vill Marken hu sech den Opwand fir um Salon deelzehuelen gespuert, dorënner de ganze Stellantis Grupp mat Peugeot, Citroën, Fiat, Jeep, Chrysler a Maserati, déi japanesch Constructeuren Honda, Mazda, Nissan, Toyota a Suzuki oder d’Britten vun Jaguar a Land Rover fir nëmmen e puer grouss Nimm ze nennen, mat deenen duerchschnëtts Autofuerer eppes ufänke kënnen.
Ob finanziell Grënn oder e Manktem un nennenswäerte (Elektro)Nouveautéite bei den etabléierte Marken dohannert stiechen léisst sech nëmme roden. Dass d’Halen net eidel bliwwe sinn ass de Verdéngscht vun de Chinesen: si sinn et déi 2023 omnipresent sinn an der IAA hire Stempel opdrécken. An dobäi weise se keng rabbeleg Këschte mat kromm opgepechte Logoe, mee Know-How, e Gespier fir europäeschen Design an hire Wëllen fir an Europa Fouss ze faassen.
Mam 2021 agefouerten Open-Space Konzept stelle verschidde Constructeuren hir Neiheeten exklusiv op eegene Stänn an der Staat aus. Esou sinn den Opel Corsa Electric oder den neie Mercedes-Benz CLA net ze gesi gewiecht, dës Stänn waren um Pressedag nach net op.
En Heemspill huet BMW wou d’ „Neue Klasse“ all Blécker op sech zitt. De Retro-futuristesche Concept Car gëtt en Ausbléck op den Design vun den zukünftegen Elektro-BMW’en. Déi nei Plattform ass exklusiv op elektresche Undriwwer ausgeluecht, am Hierscht 2024 leeft d’Produktioun lues un ier déi éischt Seriemodeller 2025 op eise Stroossen ënnerwee sinn. Éischte Modell wäert eng Mëttelklass-Limousine an der Gréisst vum aktuellen 3er BMW ginn. Beim Design falen déi kanteg Formesprooch an déi grouss Fënsterflächen op. Ongewinnt awer zäitgeméiss ass d’Ausso vu BMW dass bei der Entwécklung Efforte gemaach ginn fir den Auto um Enn vu sengem Liewenszyklus demontéieren ze kënnen.

© Akim Schmit
En Highlight war den Optrëtt vu BYD („Build Your Dreams”). De chineesesche Constructeur huet mat sengem Stand a senger Pressekonferenz un d‘Optrëtter vun etabléierte Marken viru guer net all ze laanger Zäit erënnert. Bei der Entwécklung fiert BYD op der Iwwerhuelspuer: 1995 als Batterie-Hiersteller gegrënnt ass BYD haut de gréissten Autoshiersteller a China. Op der IAA stoungen de Seal (eng Limousine déi sech mam Tesla Model 3 vergläiche léisst) an den SUV „Seal U“ am Mëttelpunkt.

© Akim Schmit
Interessant ass beim Seal déi sougenannten „Cell to Body“ Technologie, bei där d’Batterie en droend Element vun der Karosserie ass. Dëst suergt fir méi Steifegkeet, manner Gewiicht a méi Reechwäit. D’IAA war dann och d’Geleeënheet fir d’Ënnermark Denza – en Joint Venture mat Mercedes - an Europa ze lancéieren. Éischte Modell ass den Denza D9, e Premium-Van deen ab 47.000 Euro ze kréien ass.

© Akim Schmit
Änlech Emotiounen wéi Cupra mam DarkRebel léist och MG (eng Mark vun der chineesescher SAIC Grupp) mam Cyberster aus. Den elektresche Roadster huet 2021 zu Shanghai als Concept seng Premiere gefeiert, de Seriemodell war um „Goodwood Festival of Speed“ ze gesinn a kënnt 2024, passend fir den 100. Gebuertsdag vun der brittescher Autosmark MG. D’Leeschtung ass mat bis zu 400 kW (544 PS) uginn, d’Reechwäit mat bis zu 680 km. D’Präisser solle Rumeuren no an Europa bei 56.000 Euro starten.

© Akim Schmit
Richteg Weltpremieren sinn op der IAA Mobility 2023 rar geséint. Eng dovun feiert Renault mam neie Scenic E-Tech. Aus dem Van ass dobäi (wéi scho beim Renault Espace) en SUV ginn deen an d’Designlinn vun Rafale, Australe an Espace passt. D’technesch Basis deelt e sech mam Mégane E-Tech an Nissan Ariya, e Gimmick ass de Panoramadach, deen op Knappdrock transparent gëtt.

© Akim Schmit