Nom Hyper-SUV kënnt elo den Hyper-GT, an dee lauschtert op den Numm "Emeya"

© Lotus
Et ass den éischten Hyper-GT mat 4 Dieren, dee vu Lotus entwéckelt a gebaut gëtt, an dat mat engem 100% elektreschen Undriff.
Dass bei Lotus an Zukunft op Elektromobilitéit gesat gëtt, ass jo mëttlerweil kee Geheimnis méi. Mam Evija gouf e Supersportler mat 2.000 PS entwéckelt, dee mëttlerweil och bei den éischte Clienten ausgeliwwert gouf.

Vill Elementer vum Hyper-SUV Lotus Eletre fënnt een och um GT-Brudder Emeya erëm / © Andy Brücker
Elo da kënnt den nächsten elektresche Member aus der Lotus-Famill, an dee lauschtert op den Numm Emeya. E fält an d'Kategorie GT a soll de Sprint vun 0 op 100 an ënner 2,8 Sekonne maachen.
D'Produktioun soll Ufank 2024 starten an et setzt ee grouss Hoffnungen an den Erfolleg vun dësem neie Modell. Fir dass dat ka geléngen, baut een op 75 Joer Ingenieur- an Design-Erfarung aus dem Haus Lotus, gekoppelt mat den neisten Innovatiounen.
Hei kommen dann och Elementer an den Asaz, déi scho beim Eletre ze gesi waren. Sief et déi clever aerodynamesch Léisungen an der Calander, oder den Diffuser, respektiv Spoiler um Heck. Dëst, kombinéiert mat engem extrem niddrege Schwéierpunkt, soll d'Fuerstabilitéit op en neie Level bréngen an de Benchmark an der GT-Klass ginn.
Dat pneumatescht Fuerwierk gëtt elektresch ugesteiert a Sensoren analyséieren net manner wéi 1.000 mol an der Sekonn d'Strooss, fir ëmmer en optimale Buedemkontakt ze garantéieren.
An der performantster Ausféierung huet den Emeya zwee Elektromotore mat 905 PS a bis zu 985 Newtonmeter Dréimoment. Och déi Chiffere si scho vum Eletre bekannt.
Eng Maximalvitess vun 256 km/h soll méiglech sinn.

© Lotus
E wichtegt Thema bei Elektroween ass jo och, wéi laang et dann dauert, fir d'Batterien nees ze lueden. Lotus versprécht, dass ee mat 350kw Gläichspannung ka lueden, an esou solle bannent 5 Minutten 150km Autonomie kënnen "nogetankt" ginn. Bis zu 80% vun der Batterie solle bannent 18 Minutte méiglech sinn. Dëst setzt natierlech ëmmer viraus, dass een och esou eng Luedméiglechkeet huet.

© Lotus
En Highlight dierft dann och d'Museksanlag sinn, déi aus dem Haus KEF kënnt. De Sound vun där Anlag hu mer och eng éischte Kéier am Eletre héieren, an dat war einfach onvirstellbar gutt. Heimat ass Dolby Atmos 3D-Surround méiglech, an dat ass definitiv en Erliefnis an engem Auto.
De Ben Payne, Vizepresident vum Design beim Lotus Group behaapt, et wier ee Lotus, wéi een e virdrun nach ni gesinn huet. Et hätt een op déi gesamt Erfarung vun der Mark zeréckgegraff, fir e performanten a luxuriéisen Auto ze baue fir Leit, déi Spaass um Autofueren hunn, an dat Gefill vu Verbonnenheet mat der Strooss genéisse wëllen.

© Lotus
Zil ass et déi dach éischter kleng Autosmark Lotus bis 2028 um Weltmarché ze etabléieren. Et huet een also vill Wëlles bei der Mark, déi elo zum Geely-Konzern gehéiert, zu deem och Marke wéi Volvo oder Polestar gehéieren.
Fir d'Presentatioun huet een direkt 4 Stäck vun engem Parkhaus zu Manhattan gelount an de Gäscht do d'Méiglechkeet ginn, de Parcours vun der Mark Lotus nach emol nozevollzéien.
Ween zoufälleg e Samschdeg zu New York ass, an de Studio Emeya wëll besichen, dee ka sech op dëser Adress aschreiwen: https://StudioEmeya.eventbrite.com.
Weider Informatiounen iwwert de Lotus Emeya sollen am 4. Trimester verëffentlecht ginn. Wéini den Emeya da soll an d'Vente kommen, respektiv wat dësen Hyper-GT soll kaschten, dorobber musse mer dann nach e bësse waarden.

© Lotus