D'Eisebunn huet eng laang an houfreg Geschicht, gréissten Employeur am Land an e ganzt wichtegt Element am Mobilitéitsplang fir d'Zukunft vu Lëtzebuerg.

An deem Sënn investéiert d'CFL: Et gëtt äifreg bei der Bunn geschafft, d'Schinne-Netz weider ausgebaut, Garen a Material moderniséiert.

An dat kascht. Ronn 7 Milliarden Euro si fir d'Streck tëscht 2025 an 2039 virgesinn, iwwregens dat deierst Finanzéierungsgesetz an der Geschicht vun der Chamber.