Op der Pompel
Diesel gëtt bal 7 Cent de Liter méi deier

© AFP Archiv
Vun en Dënschdeg u gëtt den Diesel op de Pompelen uechter d'Land ee gudde Krack méi deier.
Ganz genee wäert de Präis vum Diesel ëm 6,6 Cent klammen, op dann 1,704 Cent de Liter.
Och de Masutt gëtt ëm ronn 7 Cent méi deier. Beim 10ppm ass et eng Hausse vu genee 7 Cent op dann 1,149 Euro de Liter. Beim 50ppm klëmmt de Präis ëm 6,6 Cent op 1,137 Euro.
Am meeschte gelies