Knapp 400 Chantiere bannent zwee Méint

Summervakanz heiheem ass dacks Synonym fir gréisser Chantieren am Trafic, wéi déi aktuell Aarbechten an den Tunnellen op der A7.
Virun allem op de Landstroossen hu déi geploten Automobilisten alt ze dacks d'Impressioun, vun der Deviatioun vun engem Chantier an déi nächst geschéckt ze ginn. E Beispill ass de Chantier op der N12 tëscht Bour an Dondel, wéinst deem d'Leit bei Miersch op d'Autobunn deviéiert ginn, wou et wéinst dem Entretien vum Tunnel Gousselerbierg just nach bidirektional weidergeet.
Vun de Pirate gouf et dowéinst eng parlamentaresch Fro un de Mobilitéitsminister. De François Bausch erënnert drun, dass trotz dräi Woche Congé am Bau d'Chantieren an de Summerméint sinn, well se do manner Impakt hätten.
Tëscht Mëtt Juli a Mëtt September hate mer heiheem eppes iwwer 370 Chantieren op de Staatsstroossen. Dozou kommen nach ganzer 36 Spärunge fir de Vëlossummer. Den Detail iwwert d'Dauer vun de Chantieren an d'Deviatioune sinn nozeliesen op cita.lu.
Bei de Chantieren op den Haaptachse géif ee sech d'Méi ginn, se esou ze plangen, dass se esou mann wéi méiglech Impakt op den Trafic hunn. Ma wéi um Beispill vum Chantier op der N12 op der Bréck bei Bour ze gesinn ass, gëtt et an eenzele Fäll keng gëeegent Alternativ am direkten Ëmfeld. Derbäi kommen och alt emol Problemer an Urgencen, déi een net konnt virausgesinn.
Grouss Chantiere fir déi zum Beispill ganz Deeler vun Autobunne musse gespaart sinn, ginn deemno op maximal 15 Weekender d'Joer limitéiert. Iwwer d'Chantieren op de Gemengestroossen, mat Impakt op de Staatsreseau, kéint de Mobilitéitsminister net vill Prezisioune ginn, well déi Informatioune sengem Ministère dacks net zur Verfügung géife stoen.
An enger Äntwert op eng weider parlamentaresch Fro gëtt een da gewuer, dass den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg, gemooss un de Leit, déi transportéiert ginn, fir manner wéi 1 Prozent vun de gesamte Klimagas-Emissioune responsabel ass.