Ponts et Chaussées mellen
Bréck zu Veianen gëtt e Mëttwoch gespaart

Op der gespaarter Bréck OA114 verleeft d'N10 iwwert der Our. / © Google Maps
E Mëttwoch gëtt vu 7.30 Auer bis 17 Auer d'Bréck OA114, nërdlech vum Veianer Zentrum beim Busarrêt Aale Moart, wéinst Miessunge gespaart.
D'Miessunge gi vun der Uni Lëtzebuerg duerchgefouert.
Entspriechend Deviatioune verlafen duerch d'Rue Charles Mathias André an den CR344.
Am meeschte gelies