D'Politik lieft deels an enger aner Welt ewéi eis Memberen. Dee Constat mécht den Automobilclub, nodeems eng grouss Enquête bei de Membere gemaach gouf.

Beim Sondage vun der Entreprise Quest wier eraus komm, dass de Stellewäert vun der Mobilitéit ganz grouss wier, ma an de Walprogrammer géing een net vill fannen, bedauere se beim ACL. 94 % un den ACL-Memberen sinn der Meenung, dass d'Politik den Enjeuen am Beräich vun der Mobilitéit méi eng grouss Wichtegkeet misst zoukomme loossen. 60 % vun de Membere mengen iwwerdeems, dass d'Wichtegkeet, deen d'Parteien der Mobilitéit accordéieren, hir Decisioun bei de Chamberwale beaflosse wäert.

Iwwer 80% vun de Membere soten, datt si dacks den Auto benotzen. Dräi Véierels vun de Leit wëllen awer och, dass d'Offer vum ëffentlechen Transport ausgebaut gëtt.

4 vu 5 Persounen äntweren iwwerdeems, datt si méi Park&Ride - Méiglechkeete wëllen.

Mat Bléck an d'Zukunft wier d'Perceptioun vun der Elektromobilitéit interessant, sou déi Responsabel vum ACL.  Bal 80% vun de Befroten wieren der Meenung, datt och aner ëmweltfrëndlech Mobilitéitsforme solle promouvéiert ginn. Beim Thema Elektromobilitéit dierft een d'Leit net fir domm halen, sou den ACL-President Yves Wagner.

Bei de Radaren, Tempo 30 a weidere Vitesse-Limitatioun, wieren d'Leit gedeelter Meenung, woubäi géing opfalen, dass d'Memberen es e bësse genuch hätte mat der Repressioun vun der Politik, déi näischt géing bréngen, sou den Yves Wagner. Do stéing een als ACL och voll derhannert.

6742 Memberen hu bei der Ëmfro matgemaach, ronn dräi Véierels vun dëse si männlech an iwwer 45 Joer al. Den ACL huet zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun 190.000 Memberen.