Ee Contournement mat ville politeschen Ëmweeër
Esou wéi RTL et gemellt hat, soll déi nei Variant net queesch duerch de Bobësch goen, mee déi Zone just "sträifen" a laanscht de Schinne-Reseau goen.
RTL-News: Tracé soll net duerch de Bobësch goen - Eng nei Variant fir de Käerjenger Contournement
PDF: De proposéierten Tracé mat allen Detailer
LINK: De ganze Communiqué um Site vum Mobilitéitsministère
D’Aarbechte kéinten an eppes méi wéi engem Joer ufänken.
De Site vun der Firma Saint-Gobain misst relokaliséiert ginn. Am Gespréich ass d’Industriezone Wolser 2 bei Diddeleng. Do bleiwen awer nach Detailer ze klären. Op alle Fall ass do een Terrain am Gespréich, deen dem Staat gehéiert, esou dass de Ball zu engem gudden Deel beim Wirtschaftsministère läit, éier déi kommunal Bau-Autorisatioun kënnt. Derbäi d’Prezisioun dass een Saint-Gobain bis d’Enn vum Mount Bedenkzäit ginn huet. D’Gespréicher wiere gutt, heescht et am Virfeld.
De Käerjenger Contournement ass Deel vun engem méi globale Konzept fir d’Verkéiersberouegung am Raum Käerjeng-Suessem. Et gëtt och eng Etude lancéiert fir ze préiwen, wéi eng Stroossen an Zukunft fir den Transit gespaart ginn. Aner Volete viséieren ee méi effizienten ëffentlechen Transport an de Vëlo. Esou sollt zum Beispill eng Vëlospist laanscht de Contournement féieren.
D’Gare Käerjeng-Suessem gëtt ausgebaut mat och méi Parkméiglechkeeten, fir d’Leit, déi den Zuch huelen.
Wat d’Käschte betrëfft, géif een am Kader vun deem bleiwen, wat am Finanzéierungsgesetz viru 5 Joer gestëmmt gouf, esou dass do keng Ännerungen néideg wieren.
Enn September geet den Dossier bei den Ëmweltministère fir d’Prozedur a Saachen Ëmwelt-Impakt.
Enn 2024, Ugangs 2025 kéinten d’Aarbechte fir de Contournement ufänken.
D’Gemengeréit Käerjeng a Suessem hunn en Donneschdeg Rendezvous mam Ministère fir d’Travaux publics.