Vun e Mëttwoch Hallefnuecht u fält de Präis vum Diesel op der Pompel, nodeems en e Freideg an d'Luucht gaange war.

De Präis vum Diesel geet ëm 4,4 Cent erof op dann 1,695 Euro de Liter.

Méi deier gëtt allerdéngs de 98er Bensinn. Do ass et eng Hausse vun 2,3 Cent op 1,949 Euro de Liter.

Beim schwiefelfräie Masutt (10ppm) ass et eng Baisse vu 4,5 Cent de Liter op dann 1,140 Euro. De schwiefelaarme Masutt (50ppm) geet ëm 3,7 Cent erof.  Do muss een dann 1,133 Euro de Liter bezuelen.

RTL

© RTL Grafik