Helleg-Geescht-Parking geet den 30. Oktober deels fir de Public op

Zanter 3 Joer ass ewell de Parking Saint-Esprit wéinst Renovatiounsaarbechten zou, mee et gëtt Liicht um Tunnel.
Geschwënn nees dierf ënnerierdesch bei de Vestige vum fréiere Fraeklouschter geparkt ginn. Konditioun war, datt e Gerant fonnt gëtt: Dës Ausschreiwung geet un d'Societéit "Indigo Park S.A.". Dëst krut RTL op Nofro hin aus dem Bauteministère confirméiert.
Aktuell gëtt de Parking jo zum Deel exklusiv vu Staatsfonctionnairen a -Salariéë genotzt, mee lo geet de Parking op d'mannst zum Deel fir all aner Chaufferen op.
D'Ouverture vum Helleg-Geescht-Parking ass méindes an der Allerhellegevakanz, den 30. Oktober.
Dann ass de Parking an der Woch wärend 4 Schaffdeeg owes a nuets op, grad wéi och déi komplett Weekender an d'Feierdeeg.
Dës deelweis Ouverture gëllt bis zum Ofschloss vun de Renovatiounsaarbechte vum Parking ënner der Clairefontaines-Plaz, déi bis Ugangs d'nächst Joer solle fäerdeg sinn. Da kann dëse Parking nees vun de Staatsbeamte benotzt an d'Parkhaus um Helleg-Geescht-Plateau ka liberéiert ginn.
D'Renovatiounsaarbechten am Parking waren op knapp 7 Milliounen Euro chiffréiert ginn. De Parking zielt eng knapp 600 Stationementer a gouf 1985 opgemaach.