En Donneschdeg den Owend war et direkt op e puer Plazen op eise Stroossen zu Accidenter komm.

Well et wéinst dem schlechte Wieder souwisou schonn net esou gutt gerullt ass, koum et op vereenzelte Plazen zu zolittem Stau.

Virun allem an der Stad an op den Haaptachsen huet et gestaut an deelweis gëtt et nach ëmmer massiven Zéifloss.

Vill Gedold matbrénge huet een missen op der A4 an Direktioun Esch, den Auswäichméiglechkeeten, an der Stad, wou verschidde Stroosse wéinst engem Evenement gespaart waren, an op de Strecke ronderëm d'Stad.