Op der Pompel
Weider Baisse beim 98er, Diesel a Masutt gi rëm méi deier

En Dënschdeg geet de Präis vum 98er Bensinn weider an de Keller, wärend den Diesel an de Masutt nees méi deier ginn.
De Präis vum 98er Bensinn geet ëm ganzer 5,2 Cent erof a kascht dann 1,832 Euro de Liter.
Den Diesel an de Masutt ginn dogéint allerdéngs méi deier.
Beim Diesel ass et eng Hausse vun 2,5 Cent op dann 1,720 Euro de Liter.
De schwiefelaarme Masutt (50ppm) gëtt ëm 3,4 Cent méi deier a geet op 1,147 Euro de Liter erop. De Präis vum schwiefelfräie Masutt (10ppm) geet och ëm 2,5 Cent an d'Luucht op dann 1,165 Euro de Liter.

Am meeschte gelies