Vum 5. November bis 17. Dezember
Gréissere Chantier op der A13 am Tunnel Markusbierg

Wéinst de CITA-Geräter am Tunnel Markusbierg wäert et am November an Dezember op dëser Plaz zu verschiddene Aarbechte kommen.
Wéi d'Administratioun matdeelt, wäert d'Zirkulatioun duerch den Tunnel déi meeschten Zäit vun dësen Aarbechten, sief et ganz normal oder bidirektional duerch een Tube, méiglech sinn ausser de 26. November an de 16. a 17. Dezember. Op deenen Deeg ass den Tunnel fir den Trafic gespaart.
All d'Detailer, zu wéi engen Amenter den Tunnel wéi zou ass, fannt Dir am Schreiwes vu Ponts et Chaussées.
Am meeschte gelies