Update vun den CFL
Zuchtrafic tëscht Rodange a Lonkech awer just bis en Dënschdeg ënnerbrach

Wéinst engem technesche Problem am franséischen Zuchreseau ass d'Streck tëscht Lonkech (Longwy) a Rodange gespaart.
Anescht wéi an enger éischter Matdeelung vun den CFL geheescht huet, ass d'Streck elo awer net bis Mëttwoch inclus, mee just bis en Dënschdeg gespaart. Dat gouf an engem zweete Communiqué vun der Zuchgesellschaft matgedeelt.
Et hätt een vun de franséischen SNCF eng Mise à jour kritt, datt den technesche Problem am franséischen Zuchreseau geschwënn behuewe wier. Bis dohin organiséiert d'CFL Ersatzbusser, déi d'Zuchpassagéier bei hir Destinatioune bréngen.
Aktuell Informatiounen a weider Detailer zu betraffenen Trajete fannt Dir op www.cfl.lu.
Am meeschte gelies